Klassik aktuell
Éierung fir eng Komponistin
Muer den Owend kritt d'Komponistin Tatsiana Zelianko am Kulturhaus zu Miersch de Prix Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal. D'Laudatio hält d'Musekologin Danielle Roster. Tatsiana Zelianko koum 2008 aus Wäissrussland op Lëtzebuerg an huet no hire Pianosstudien zu Minsk am Stater Conservatoire Kompositioun beim Claude Lenners a beim Alexander Mullenbach gemaach. Haut gehéiert Tatsiana Zelianko - mat der Albena Petrovic an der Catherine Kontz - zu deene bedeitende Lëtzebuerger Komponistinnen.