Panorama
Panorama
Zwou Milliounen Euro sollen zwee Agente vun der Gesondheetskeess iwwer eng Period vun zéng Joer ënnerschloen hunn. Dat geet aus engem Audit vu PWC ervir. Elo sollen d'Prozedure bei der CNS méi sécher gemaach ginn.
Um Lampertsbierg gouf ugefaangen Haiser ofzerappen, déi ënner Denkmalschutz stinn. Elo deposéiert de Kulturministère eng Plainte géint déi concernéiert Promoteuren.
Nodeems ënner enger Wandmillen am Wandenergie-Park an der Gemeng Wëntger en doudege Routmilan fonnt gouf, deen a ganz Europa geschützt ass, soll e Méindeg eng Decisioun doriwwer falen, fir wéi laang de Park muss zoubleiwen.
Den Ausseminister Jean Asselborn hat dës Woch déi Lëtzebuerger Diplomate fir eng Konferenz hei am Land versammelt. D'Zuel vun de Lëtzebuerger Diplomaten huet sech bannent 15 Joer op ronn 140 verduebelt.
Haut war et den Optakt vun den Europawahlen a Groussbritannien an an Holland. Bis e Sonndeg si 418 Milliounen Europäer opgeruff fir 751 nei Deputéiert an d'Europaparlament ze wielen.
An der Slowakei steet zanter haut de fréiere Wirtschaftsminister a Mediemogul Pavol Rusko viru Geriicht, well hie soll de Mord un enger fréierer Geschäftspartnerin an Optrag ginn hunn. Hie riskéiert eng liewenslänglech Prisongsstrof.