Panorama
Panorama
Eng 1.000 Jugendlecher waren de Mëtteg um Kierchbierg fir déi zweet grouss Klima-Manifestatioun hei am Land.
D'Regierung huet sech Strategië ginn, déi eng fir am Beräich kënschtlech Intelligenz eng Virreiderroll ze spillen, déi aner fir d'Innovatioun vun der Ekonomie op der Basis vun der Auswäertung vun Donnéeë virunzedreiwen
Et gëtt een Accord fir en neie Gesetzesprojet fir d'Stagen an der Beruffswelt ze reegelen. An Zukunft soll et keng onbezuelte Stagë méi ginn, seet den Aarbechtsminister Dan Kersch.
Wéi RTL de Mëtteg gemellt huet, hätt de Premier Xavier Bettel de Poste vum EU-Conseilspresident ugebuede kritt. Hie stéing awer net fir esou e Posten zur Verfügung, sou d'Äntwert vum Premier.
Bis den 20. Juli soll Groussbritannien en neie Premierminister hunn. De Mueren hat d'Theresa May hire Récktrëtt annoncéiert.
Polen huet haut virum Europäesche Geriichtshaff eng Plainte géint d'EU-Direktiv iwwer d'Droits d'auteurs um Internet deposéiert.
Déi privat US-amerikanesch Agence fir d'Raumfaart, Space X, huet elo déi 60 éischt Satellitte fir hiert geplangtent globaalt Internet-Netzwierk an den Orbit bruecht.