CD-Klassik
Neies vum Bad Boy of Music
Den George Antheil huet sech selwer als de "Bad Boy of Music" consideréiert. A senge fréie Joren, wéi hien zu Paräis mam Jean Cocteau zesummegeschafft huet, war den Antheil nach e grousse Provokateur an een, de gären experimentéiert huet. An de Symphonien Nr. 3 a 6 schéngen déi ganz stiermesch Zäiten eriwwer ze sinn. De BBC Philharmonic Orchestra huet se elo a senger George-Antheil-Serie opgeholl.