CD-Klassik
Mozart am Täscheformat
Am 19. Joerhonnert huet ee sech net esou ouni Weideres an d'Kutsch gesat, fir an d'Oper oder an de Concert ze fueren. Fir d'Musek awer méiglechst wäitleefeg bekannt ze maachen, goufe vill Kompositiounen op een handlecht, kammermusikalescht Format reduzéiert an am klenge Familljen- a Frëndeskrees gespillt. Publicitéit fir sengem groussen Idol Mozart seng Musek ze maachen, dat war och d'Absicht vum Ignaz Lachner, deen eng Rëtsch vun de Pianosconcerti fir Sträichquartett a Kontrabass arrangéiert huet. De Pianist Didier Castell-Jacomin huet elo d'Concerti Nr. 23 an Nr. 8 opgeholl.