Panorama
Panorama
Den nächsten Donneschdeg kritt d'Chambre des salariés mat der OGBL-Generalsekretärin Nora Back, viraussiichtlech déi éischte Kéier eng Fra als Presidentin.
Fir de Bau vun engem Vakanzenduerf beim Séi zu Wäisswampech ze stoppen, ass et ze spéit, seet de Buergermeeschter vun der Gemeng, éier am August e consultative Referendum iwwer déi Fro soll ofgehale ginn.
Fréieren Awunner aus dem Grand-Duché a presuméierte Member vum IS gëtt den Ament a Syrien an engem Camp festgehalen.
Auchan a Lidl ruffe Pizzaen zeréck, Aldi huet Schockelas-Mendianten aus dem Rayon geholl.
An der däitscher Politik ass no den Europawahle vill geschitt, mir maachen den Iwwerbléck vun der aktueller Situatioun.
An der slowakescher Haaptstad Bratislava huet haut déi alljäerlech Fréijoerssitzung vun der parlamentarescher Versammlung vun der NATO ugefaangen.
Belsch Quinten Hermans wënnt och déi zweet Etappe vun der Flèche du Sud a baut seng Féierung am General weider aus.