CD-Klassik
El Amor Brujo an der Versioun vun 1915
El Amor Brujo oder der Liebeszauber hat de Manuel de Falla 1915 komponéiert als e Ballet mat Gesank an engem Akt. Allerdéngs sollt hien seng Partitur e puer mol revidéieren. Bekannt ass di lescht Versioun mat groussem Orchester. De Label Naxos proposéiert en Disque mat der originaler Fassung, an dàr de Gesankspart wesentlech méi wichteg ass. Donieft ass um Disque och nach en anert Stéck ze héieren: El retablo de Maese Pedro, eng Oper an engem Akt, nom Libretto vum Miguel de Cervantes aus dem faméise Roman Don Quijote.