CD-Klassik
Madrid am 18. Joerhonnert
Obschonns Spuenien iwwer Joerhonnerten eng Weltmuecht war, wor d'Land wéinst senger geographescher Lag eng Grëtz ofgekoppelt vum kulturelle Liewen am Zentrum vum Europa. An awer huet sech duerch d'Besoinen u repräsentativer Konscht an och déi kulturell Oppenheet vum Kinnekshaff eng bedeitend Kulturzeen entwéckelt, déi Thema vun där neier CD vum Cuarteto Quiroga ass. Si spille Wierker vu Komponisten, déi déiselwecht Zäit zu Madrid gedéngt hunn wéi de Francisco Goya - ënner anerem de Luigi Boccherini.