Klassik aktuell
Skizzen zu Ligeti
Dem György Ligeti seng Etuden gehéieren zu deene komplexsten an och kniwwelegste Wierker fir e Pianist. Si sinn eng physesch a mental Erausfuerderung, där d'Cathy Krier sech gestallt huet. D'Pianistin spillt awer net nëmmen d'Ligeti-Etuden. Zesumme mat der Choreographin Elisabeth Schilling huet se de Projet "Mosaikgleiche Augenblicklichkeiten" ausgeschafft, deen iwwermuer (15.6.2019) beim Monodrama-Festival an der Banannefabrik gewise gëtt.