Panorama
Panorama
Den Zentrum vun der Kultur-Haaptstad Esch 2022 kënnt an déi al Möllerei um Belval.
De Projet fir en Denkmalschutz-Gesetz soll spéitstens no der grousser Vakanz deposéiert ginn, huet d'Kulturministesch Sam Tanson annoncéiert
Zu Bréissel diskutéieren d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwert d'Besetzung vun de fënnef Chef-Posten an der Europäescher Unioun. Eng Eenegung ass net a Siicht.
De fréiere briteschen Ausseminister Boris Johnson gëllt weider als Favorit fir de Poste vum Parteichef vun den Tories a vum Premierminister. De Sajid Javid ass aus der Course ausgescheet.
Verbuet vun all Dronenaktivitéit iwwert der Stad Lëtzebuerg wärend de Feierlechkeete fir Nationalfeierdag.
Liewenslaang Prisongsstrof fir 4 Ugekloten am Appellprozess ronderëm e Virfall aus dem Joer 2015, bei deem an Ugarn 71 Flüchtlingen an engem Killwon erstéckt waren.
Badmintonspiller, Robert Mann, dréit de Lëtzebuerger Fändel bei der Ouverture vun den Europaspiller a Wäissrussland um Freideg Owend.