Panorama
Panorama
Et wäert keng juristesch Poursuite géint den ADR-Deputéierte Gast Gybérien ginn, am der Affär ëm eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht am Joer 2017.
D'Gemeng Hesper gouf méiglecherweis Affer vun engem Bedruch. Déi Responsabel hunn eng Plainte géint Onbekannt gemaach.
Vill Clienten zu Lëtzebuerg entscheede sech bei den Handysabonnementer fir déi deier Offeren, seet de Luc Tapella, Direkter vum ILR
Um EU-Sommet zu Bréissel sinn d'EU-Staats- a Regierungscheffen op kee gréngen Zweig komm, wat d'Besetzung vun der Chef-Etage ubelaangt.
Den US-President Donald Trump confirméiert, datt hien eng Attack géint den Iran kuerzfristeg gestoppt huet.
Dat iewescht Geriicht a Spuenien huet haut fënnef Männer wéinst Vergewaltegung zu 15 Joer Prisong veruerteelt. Si haten 2016 am Grupp eng jonk Fra vun 18 Joer mëssbraucht a sech dobäi gefilmt.
Aus dem Lëtzebuerger Fussball war et haut d'Nouvelle, datt de Frank Defays no nëmme sechs Méint säin Trainerposte beim Stater Racing verléisst.