arrow_back_ios
CD-Klassik
Erënnerung un de Kyrill Kondraschin
Am Fong hätt de Kyrill Kondraschin 1981 Nofolger vum Rafael Kubelik als Chefdirigent vum Orchester vum Bayeresche Rundfunk solle ginn. De russesche Maestro huet allerdéngs nëmme konnten zwee Concerten dirigéieren. Am Mäerz 1981 stierft de Kondraschin un de Suitte vun engem Häerzinfarkt. De Bayeresche Rundfunk huet elo a sengem Haus-Label de Live-Matschnëtt vun engem vun de Concerte mam Kyrill Kondraschin erausbruecht.