CD-Klassik
De Kapitän Tarare vertount
Den Numm Antonio Salieri ass genee esou bekannt, wéi dee vum Wolfgang Amadeus Mozart, mam Ënnerscheed, datt seng Musek awer nëmmen nach seele gespillt gëtt. D'Oper "Tarare" vum italienesche Meeschter gouf elo als Concertsversioun zu Paräis an der Philharmonie opgeféiert an op dräi Diske vum Label Aparte Music festgehalen. Den Dirigent Christophe Rousset mat sengem Ensembel Les talents lyriques an och sämtlech Solisten an de Chouer erweisen dem Salieri all Éier mat enger gelongener a schwongvoller Interpretatioun vun dëser Oper. De Manuel Ribeiro huet sech d'Opnam ungelauschtert.