Panorama
Panorama
D'Oppositioun geheit der CNPD vir, duerch Intransparenz am Dossier "fichier central" am Interêt vun der Regierung ze schaffen an net wei eng onofhängeg Kontrollinstanz z'agéieren.
D'Journalisten-Associatioun ALJP mengt d'Ministere Braz a Bausch géife mat hirem rezenten oppene Bréif zum Thema probéieren d'Press anzeschüchteren.
Accord am Gesondheetswiesen iwwert d'Zesummesetzung an d'Fonctionnement vun der Nomenclatures-Kommissioun.
Ruhani: Iran wier nëmme bereet mat der US-Regierung ze verhandelen, wann d'USA erëm an d'international Atom Ofkommes géif eraklammen an d'Sanktioune géint den Iran fale géif loossen
D'Feier an der Kathedral Notre Dame zu Paräis soll enger preliminairer Enquête no keng kriminell Origine hunn.
D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin Ni Xia Lin wënnt d'Bronzemedaille bei den Europaspiller zu Minsk.