arrow_back_ios
CD-Klassik
Keng Repertoire-Musek fir den Debut
29 Joer hat d'Mirga Gražinytė-Tyla, wéi si Chefdirigentin vum City of Birmingham Symphony Orchestra gouf. Elo ass déi litauesch Musekerin déi éischt Dirigentin, déi fir de bekannte giele Label opgeholl huet. An d'Mirga Gražinytė-Tyla huet sech net fir Repertoire-Stécker entscheet, mee fir Musek vum Mieczysław Weinberg. Mat dobäi sinn de Gidon Kremer a seng Kremerata Baltica.