Et ass ëmmer erfreelech, wa Jugendlecher sech mat Musek fir e gudden Zweck asetzen. Den Donneschdeg 11. Juli um 7 Auer am Stater Conservatoire proposéieren divers Klassen am instrumentale wéi och am vokale Beräich e Benefizconcert ënner de Motto Musikado, zu Gonschte vun der Fondatioun Unicef. Musikalescht Konzept vum Concert huet d'Pianistin Sabine Weyer ausgeschafft. Si war am Studio vum radio 100,7.
Musikado zu Gonschte vun der Unicef