Panorama
Panorama
Bis spéitstens 2021 soll d'Verfassungsreform an dréchenen Dicher sinn. Dat Zil gëtt sech d'CSV.
D'Regierung wëllt 1,3 Milliounen Euro an nei Infrastrukture fir Schoulen investéieren.
De Parquet huet eng Instruktioun opgemaach géint 5 Polizisten, déi sollen eng alkoholiséiert Persoun maltraitéiert hunn.
Editpress an d'Gewerkschaftsdelegatioun goufen sech eens iwwert e Sozialplang fir d'Mataarbechter vun der Wochenzeitung Le Jeudi, déi Ufanks Juni zougemaach huet.
D'Investmentfongen zu Lëtzebuerg misste méi an nohalteg an ëmweltfrëndlech Firmen a Projeten investéieren. Dat recommandéiert d'CSSF an hirem Joresrapport.
De Site Esch-Belval gëtt ëmmer méi zu engem wichtege Liewensraum, esou de Constat vun AGORA, der Entwécklungsgesellschaft fir Esch-Belval haut de Moien op engem Point Presse
Wéinst dem Verdacht vun illegale Liwwerungen u Syrien gouf bei Gibraltar ee Pëtrolsschëff gestoppt, den Iran huet dowéinst de briteschen Ambassadeur am Land convoquéiert.
Déi libesch Regierung iwwerleet fir méiglecherweis déi ëmstridde Flüchtlingslager am Land zoumaachen an d'Refugiéë fräi ze loossen. Dat aus Sécherheetsgrënn, no Attacken op ee Camp virun zwee Deeg.