CD-Klassik
En Zäitgenosse vu Mahler a Strauss
Vum däitsche Komponist Friedrich Gernsheim gëtt haut wuel kaum nach geschwat. Dësen unerkannten Dirigent, Pianist a Pädagog gouf vu sengen Zäitgenosse Brahms, Bruch, mee och deene méi jonke Museker Strauss a Mahler immens geschätzt. De Gernsheim ass ee vun de ville Kënschtler, dee wéinst senge jüddeschen Originnen an der NS-Zäit verbuede gouf. Säin Numm daucht och haut nach kaum op engem Concertsprogramm op. Nieft Symphonien huet de Gernsheim vill Kammermusek geschriwwen, wéi ënner anerem zwee Sträichquartetter, déi den Diogenes Quartett vu München op engem Disk beim Label CPO agespillt huet. De Manuel Ribeiro huet den CD gelauschtert.