Panorama
Panorama
Véier Persoune goufe festgeholl an inculpéiert wéinst Vol a Bedruch bei der Gesondheetskeess an der Héicht vun zwou Milliounen Euro. Dat deelt de Parquet mat.
Duerchbroch bei de Kollektiv-Vertragverhandlunge bei Areclor Mittal: D'Gewerkschaften an d'Direktioun hu gëschter een Accord fonnt.
De Mouvement Ecologique huet Reklamatioun beim Inneministère ageluecht géint d'Ëmklasséierung vun engem Terrain zu Biissen an eng zone spéciale data center.
Nom Konsumenteschutz fuerdert och d'Patientevertriedung, datt den Transport-Service Adapto - grad wéi den ëffentlechen Transport - soll gratis ginn.
A Frankräich kënnt de Minister François de Rugy ëmmer méi an d'Laberenten - refuséiert awer zeréckzetrieden.