Panorama
Panorama
Op Invitatioun vum franséischen Ausseminister Jean-Yves le Drian an dem Inneminister Cristophe Castaner fiert den Ausseminister Jean Asselborn muer op Paräis, wou hien un enger informeller Renconter iwwer d'Migratioun soll Deel huelen
D'Belsch feiert haut hiren Nationalfeierdag. De Kinnek Philippe huet bei där Geleeënheet d'Populatioun dozou opgeruff sech dialog- a kompromëssbereet ze weisen.
A Portugal kämpfen iwwer dausend Pompjeeë géint massiv Bëschbränn.
De britesche Finanzminister Philip Hammond wëllt demissionéieren, wann de Boris Johnson sollt Premier ginn.
Déi britesch Regierung beréit den Ament iwwer méiglech Piste fir eng diplomatesch Léisung fir de Konflikt mam Iran.
Bei neie Masseprotester géint d'Regierung zu Hongkong gouf et op en Neits Ausenanersetzungen tëschent Demonstranten an der Police.
A Japan gouf haut de Senat nei gewielt an do konnt sech, wéi erwaart, d'Regierungskoalitioun vum Premierminister Shinzo Abe duerchsetzen.