CD-Klassik
Inspiréiert, ausdrocksvoll a pakend
De Shanghai Symphony Orchestra huet sech viru kuerzem mam Label Deutsche Grammophon zesummegedoe fir Diske mat chinesesche Komponisten ze publizéieren. Op der éischter Sortie fënnt een dofir nieft zwee Wierker vum Fritz Kreisler a Sergei Rachmaninow och zwou Kompositioune vum Qigang Chen. De Remy Franck huet an dësen Disk eragelauschtert a sech virun allem vum Geieconcerto "La joie de la souffrance" mam Solist Maxim Vengerov iwwerzeege gelooss.