arrow_back_ios
CD-Klassik
Raffinéiert
De Wolfgang Amadeus Mozart huet zu Wien intensiv dem Bach seng Partiture studéiert. "Ich mach mir eine Kollektion von den Bachischen Fugen.", schreift de Komponist sengem Papp. Dës Sammlung steet haut am Köchel-Verzeechnes als Préluden a Fuguen K. 404a, déi den Ssens-Trio elo op sengem neien Disk opgeholl huet, grad wéi den Divertimento a mi bémol majeur.