arrow_back_ios
CD-Klassik
Russesch Symphonik aus Schweden
Den Dmitri Kabalevsky war keen Opponent zum Sowjet-Regime, anescht wéi seng Zäitgenosse Schostakowitsch oder Strawinsky. Seng Musek hat d'Faveur vun der deemoleger kommunistescher Partei, wat hir vläicht e klengen Nogoût gëtt, wat se awer kënschtleresch net ofwäert. Dat ënnersträicht deen neien Disk mam Malmö Symphony Orchestra, deen déi zwou éischt Symphonië vum Kabalevsky opgeholl huet.