Panorama
Panorama
D'Piratepartei mengt, datt een d'Wahlflicht zu Lëtzebuerg soll ofschafen, an een eenzege Wahlbezierk soll aféieren, sou hir Proposen am Kader vun der Reform vum Wahlgesetz
Eisebunnergewerkschafte begréissen, datt CFL Mataarbechter nei orientéiert ginn, wann de gratis ëffentlechen Transport kënnt, mee Landesverband stellt sech nach Froen
Wat de medezinesche Cannabis ugeet, wier d'Lëtzebuerger Regierung nach an enger Léierphas, sou de Gesondheetsminister als Reaktioun op déi rezent Kritik vun de Spidols-Aptikter
Associatioun vun de Kinéen huet Bedenke bei der Kinésausbildung vun der Héichschoul Lunex
Bei der amerikanescher Bank Capital One goufen Date vun iwwer 100 Millioune Cliente geklaut an enger Hacking Attack
17 Doudeger (dorënner 12 Zivilisten) nodeems e Fliger vun der pakistanescher Arméi zu Rawalpindi erofgefall ass
Schwedesch Ëmwelt-Aktivistin Greta Thunberg wëllt mat engem Segelschëff iwwer den Atlantik an d'USA reesen fir bei Klimaprotester an engem UNO Klima-Sommet zu New York kënnen dobäi ze sinn
Am Fussball spillt den F91 Diddeleng den Owend de Réckmatch an der Qualifikatioun fir d'Europa League géint d'Mazedonier vun Shkendija