CD-Klassik
Fréi Wierker vum engem Wonnerkand
Grad wéi seng fënnef grouss Symphonië goufen och dem Felix Mendelssohn Bartholdy seng fréi Sträichersymphonien dacks vun engem grouss besaten Orchester gespillt. Déi Besetzung huet dës Musek ze soen opgeblosen an hir méi Klang ginn, wéi se am Fong néideg huet. 2014 hunn d'Michi Gaigg an hiren Orfeo Barockorchester ugefaangen, dem Mendelssohn seng "Sonntagsmusiken" a reduzéierter Formatioun opzehuelen, wat eng gutt Decisioun war.