Panorama
Panorama
Wéinst dem ville Läschwaasser vum Brand bei der Kronospan zu Suessem, gëtt et eng Verschmotzung vum Floss Kuer, et weess een an Tëscht och méi iwwert déi wahrscheinlech Brandursaach.
D'Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, bréngen dem Lëtzebuerger Staat 211 Milliounen Euro Recetten an, duerch d'Kotisatiounen, déi se hei bezuelen, mellt de STATEC.
Nach haut soll de gemeinsamen europäesche Kandidat fir d'Successioun vun der Christine Lagarde un der Spëtzt vum Internationale Wärungsfong designéiert ginn. Vu 5 méigleche Kandidate sinn der just nach 2 iwwereg, de fréieren Eurogruppechef Jeroen Dijsselbloem an d'Presidentin vun der Weltbank Kristalina Georgiewa.
D'Bëlleg-Fluchgesellschaft Ryanair muss dem franséische Staat 8,5 Milliounen Euro wéinst illegale Bäihëllefen zeréck bezuelen
De Lëtzebuerger Filmproduzent Nick Rollinger ass dout. Hien ass am Alter vu 57 Joer gestuerwen
Nei Präisser un der Pompel: Ab Hallefnuecht ginn souwuel de 95er wéi den 98er Bensin 2 Cent de Liter méi deier.