arrow_back_ios
CD-Klassik
D'Bedeitung vum Terme "Mis en concert "
Am Barock hu Komponisten Wierker fir Uergel oder Cembalo gären fir ënnerschiddlech Besetzungen ëmgeschriwwen. Dës Praxis, genannt "Mis en concert", gëtt haut vu Barockspezialisten opgegraff, wéi den Ensemble "Tr!jo", den op engem Disque beim Label Tyxart Wierker vun Telemann, Bach a Janitsch proposéiert. De Manuel Ribeiro huet sech den Disque unhéieren.