Panorama
Panorama
12 min
Land- a Forstwirtschaft si Schold un 23 Prozent vun den Zäregaser, déi vum Mënsch verursaacht ginn, esou de Weltklimarot.
D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen mengt, et wier falsch ze vill mam Fanger op d'Landwirtschaft ze weisen. Déi Gréng Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz fuerdert hirersäits e fundamentale Paradigmewiessel an der Landwirtschaft
D'Zuel vum Krankschreiwe wiisst weider, esou de Joresrapport vun der Gesondheetskeess.
LISER: D'Chèques-services accueil hunn e positiven Effekt op den Emploi vu Mamme vu klenge Kanner.
De Chris Mathieu soll Chefredakter beim Quotidien ginn, mellt RTL. De momentane Chefredakter Fabien Grasser weess eegenen Aussoen no näischt vum Wiessel.
D'Regierungskoalitioun an Italien steet méiglecherweis virum Broch. Neiwahle wieren déi eenzeg Alternativ zu der momentaner Regierung, esou de Matteo Salvini.
Qualifikatioun Europa League: F91 Diddeleng - Kalju Nõmme