arrow_back_ios
CD-Klassik
En Album mat vill Gefill
Den Norwegesche Pianist Nils Anders Mortensen huet zanter sengem éischte Solo-Album 2012 eng ganz Rei weider Diske publizéiert. Dorënner eleng aacht Stéck mat der Mezzo-Sopranistin Marianne Beate Kielland, ee mat Stécker vum Johannes Brahms, eng CD mat russescher Musek an 2016 eng mat Geiesonate vum Robert Schumann. Elo huet hien en neien Album publizéiert, dës kéier mat Musek vum Johann Sebastian Bach.
De Luc Boentges huet an dësen Disk era gelauschtert.