Panorama
Panorama
De Jeannot Waringo gouf vun der Regierung als Sonnerbeoptraagten ernannt, fir d'Personalpolitik um groussherzoglechen Haff ze ënnersichen.
An der Moyenne gëtt ee Stot hei am Land 1.260 Euro am Joer fir Sprit aus. An Haushälter mat engem méi nidderege Revenue schléit de Sprit besonnesch an d'Geld.
En Vue vum Chantier fir den Tram an der Stad ginn d'Place de la Constitutioun an de Boulevard Roosevelt reamenagéiert
De franséische President Emmanuel Macron ass zouversiichtlech, datt am Sträit iwwer de Brexit an den nächsten 30 Deeg eng Solutioun an der Fro iwwer déi iresch Grenz fonnt ka ginn.
Frankräich schléisst ONGe vum G7 Sommet zu Biarritz aus.
An der italienescher Regierungskris wëllen d'Sozialdemokraten net fir all Präis eng Allianz mat der Fënnef-Stäre-Bewegung agoen. Dat sot hire Chef, Nicola Zingaretti, haut, no engem Gespréich mam Staatspresident Sergio Mattarella.
Am Süde vu Polen an an der Slowakei si bei schlëmmen Donnerwiederen an den Tatra-Bierger e puer Mënsche gestuerwen.