Panorama
Panorama
Zu Wäiswampech hunn d'Bierger sech an engem Referendum majoritär géint de geplangte Fräizäitpark ausgeschwat, de Buergermeeschter wëll awer um Projet festhalen
Schäffen zu Wäisswampech a Member vun der Oppositioun, Michel Deckenbrunnen, appelléiert am 100,7 Interview un d'Majoritéit am Gemengerot, fir de Vott am Referendum eescht ze huelen.
D'Baueren zu Lëtzebuerg erwaarden eng schlecht Recolte beim Geméis an Uebst, sou de President vun der Bauerenzentral
Zu Hongkong hunn d'Protester sech nees zougespëtzt, d'Police huet fir d'éischte Kéier Waasserkanounen agesat a gouf e Warnschoss mat richteger Munitioun
Méiglechen Akkord um G7 Sommet zu Biarritz fir bei de Bëschbränn am Amazonas a Brasilien ze hëllefen
Siwen Doudeger, dorënner véier Däitscher, bei Kollisioun vun Helikopter mat klengem Fliger op Mallorca
18 Zorte vun Haien a Rochë Fësch sollen an Zukunft besser geschützt ginn
Am nationalen Fussballchampionnat wënnt d'Jeunesse 2-1 géint Rouspert, d'Fola verléiert 2-3 beim Opsteiger Millebaach