Panorama


Bei der Lëtzebuerger Filial vum Finanzdéngschtleeschter Clearstream soll et eng Perquisitioun ginn. Dat mellt dat däitscht Handelsblatt. Et géif dobäi ëm d'Ermëttlunge ronderëm de Kum-Ex-Skandal goen, enger groussugeluechter Fraude mat Steiersuen.

Et ginn 338 Mataarbechter fir den neie Prisong zu Suessem gebraucht, deen 2022 soll opgoen - dat sot den Direkter vun der Prisongsverwaltung de Moien hei op der Antenn.

D'Regierung a Groussbritannie wëllt d'Queen Elizabeth bieden, datt si d'Parlament kuerz no der politescher Rentrée suspendéiert. Dat mellt d'BBC an dat gouf och vum Premier Boris Johnson confirméiert. D'Oppositioun kéint doduerch keng Gesetzer beschléissen, déi en EU-Austrëtt ouni Accord verhënneren.

An Italie gëtt et nach keen Akkord fir eng nei Regierungskoalitioun tëschent de Sozialdemokraten an der 5-Stäre-Beweegung. D'Gespréicher ginn awer virun.

Den F91 Diddeleng ka sech muer nees fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéieren. Et wier dat zweet Joer noeneen. Nom Exploit virun engem Joer hat wuel keen domat gerechent, datt dat sech esou séier widderhuele kéint. Deemno misst d'Stëmmung am Veräin excellent sinn. Dat ass se awer net, wéi d'Lëtzebuerger Wort haut schreift.


Episoden

Mëttespanorama

150.000 Leit bei enger Mass vum Poopst zu Lourdes / Liverpool: Optakt vum Joereskongress vun der Labourpartei / Fussball: Nationalekipp wënnt 2-1 géint Bulgarien
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Vill Aktiounen um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gëschter / Suite vun der Popstvisit am Frankräich / Lëtzebuerg wënnt 2-1 géint Bulgarien
headphones

9 min

play_arrow

headphones

9 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. dem Resultat vun den interne Wale bei der FGFC, der Visite vum Poopst Leo de 16. a Frankräich an Nations League am Fussball
headphones

7 min

play_arrow

Panorama

Mat de Sujete Bilan vun der UNO-Vollversammlung zu New York, Aussoe vum russesche President Putin an Nations League am europäesche Fussball.
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Affär Fridman: LSAP a Gréng fuerderen Erklärungen / Gréng: Wäerte Steierreform net stëmmen / Däitschland: Neien Tankrabbat
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Optakt vu Poopstvisite a Frankräich / Otemweeinfektiounen huelen zou / Xavier Bettel verdeedegt Friedman-Decisioun
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Drone-Pressekonferenz: schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung / Optakt vun der Popstvisitt am Frankräich / UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Drone-Pressekonferenz: Schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung / Optakt vun der Poopstvisitt a Frankräich / UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

No Dronevirfall: Sécherheetsproblem mee keng reell Gefor / Oppositioun kritiséiert Kommunikatioun vun der Regierung / CNN, MS NOW a POLITICO dierfen nach ëmmer net an d'Wäisst Haus
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Wéineg nei Informatiounen zu Drohnenvirfall / Prisonnéier am centrr hospitalier neuro-psychiatrique verscheed / Wunnengsmarché dréint méi lues
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier / Weider Rieden op der UN-Vollversammlung / Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier / Weider Rieden op der UN-Vollversammlung / Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Leit mat allocation de vie chère kënne vu Januar un en E-Auto fir 15 Euro de Mount leasen / ACEL fuerdert méi Studentewunnengen / USA erlabe keng Walobservateure fir Miderms
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Iranesche Präsident zu New York ukomm / EU-Kommiisoun wëll 4,2 Miliarden Euro fir Ungarn fräi ginn / OCDE erhéicht Wuesstëmsprognosen
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

UNO-Vollversammlung: Ried vu Grand-Duc Guillaume / E-Mobilitéit: Leasing social soll kommen / CDU: Friedrich Merz soll fir elo mol bleiwen, sot de Patrick Schnieder (CDU) bei 100,7
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

UNO-Vollversammlung: Ried vu Grand-Duc Guillaume / Elektromobilitéit: Leasing social soll kommen / Ukrain: Kritik well Oligarche vu Sanktiounslëscht geholl goufen
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

UNO-Vollversammlung: Trump verdeedegt Iran-Krich / EU verlängert Sanktiounen géint Israel / US-Airbase Spangdahlem an der Äifel: Militärfliiger erofgefall
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Arméischef Thull: Drone keng Gefor fir d’Populatioun / Stad Lëtzebuerg wëllt bis 2050 klimaneutral ginn / Grand-Duc hält haut eng Ried virun UNO-Vollversammlung
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Arméi-Chef: Dronen, déi hei gesi goufen, wire keng direkt Gefor fir d‘Populatioun / Findel: Fluchtrafic gëschter Owend nees eng knapp Stonn laang wéinst Drone gestoppt
headphones

11 min

play_arrow