Panorama
Panorama
De Summer dëst Joer war an allen Aspekter extrem, schreift de staatleche Wiederdéngscht vun der ASTA an enger Analys iwwer d'Wiederlag an de leschten dräi Méint.
Am Virfeld vun der Schoulrentrée an zwou Woche gëtt d'Sécurité Routière elo Recommandatiounen eraus, wéi d'Elteren hir Kanner kënnen op de Schoulwee virbereeden.
No der Messerattack bei Lyon mat engem Doudegen an aacht Blesséierten, sicht d'Police elo nom Motiv vun der Dot.
Am Texas an den USA gouf et hënt op d'mannst fënnef Doudeger, wéi eng Persoun willkürlech aus engem Auto ëm sech geschoss huet.
Gëschter hunn Dausende Leit uechter Groussbritannie géint d'Zwangspaus vum britesche Parlament protestéiert.
Haut ass et genee 80 Joer hier, datt a Polen den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, och de Premier Xavier Bettel ass bei de Gedenkfeieren dobäi.
An Island ginn et vun haut u keng Plastikstuten oder Täschen aus anere Stoffer méi.
Vun haut u gëllen an den USA Stroftaxen op verschidden Importer aus China, wéi beispillsweis Tëleeën, Bicher, Wëndelen oder Schong. Dës Mesure ass ee weidere Schrëtt am Handelskonflikt tëschent béide Länner.