arrow_back_ios
CD-Klassik
Dem Gossec seng Symphonien
Een Zäitgenosse vu Mozart, Haydn a Beethoven heescht François-Joseph Gossec. De franséische Komponist huet a sengem laange Liewen de Barock nach kannt an déi éischt Jore vun der Romantik matgemaach. De Pädagog, Geiist a Komponist war a Frankräich e groussen Numm. En Disk mat kuerze Symphonië vu 1758 mat der Deutsche Kammerakademie Neuss koum beim Label CPO eraus.