arrow_back_ios
CD-Klassik
Ecos del Parnaso: spuenesch Madrigalen
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
An der italienescher Renaissance entwéckelt sech d'Form vum Madrigal, e Genre, mat dem déi vokal Polyphonie richteg opblitt. Et dauert och net laang, gefërdert duerch d'Kroun vun Aragon, an de Madrigal fënnt op der iberescher Hallefinsel séier seng Adepten, déi du selwer hir Kompositiounen queesch duerch Europa virstelle ginn. Mat "Ecos del Parnaso" erënnert de Chouer Amystis un déi spuenesch Renaissance.