Klassik aktuell
"Meine Sachen sind mir lieber"
Déi grouss B an der Musek - meeschtens sinn domadder zwee onëmgänglech Komponiste gemengt: Bach a Beethoven. Et kéint een d'Rei awer ouni Krämpes erweidere mat Brahms oder Bruckner. Brahms a Bruckner - zesummen huet dat net esou richteg fonctionnéiert. "Er ist der Brahms - allen Respekt! Ich bin der Bruckner; meine Sachen sind mir lieber." Mam Anton Bruckner kënnt déi grouss romantesch Symphonie lues awer sécher op en Enn. Um Enn vum 19. Joerhonnert maachen sech nei Forme breet.