Panorama
Panorama
A Groussbritannien hunn d'Deputéiert fir e Gesetz gestëmmt, dat de Premier Boris Johnson zwénge géif, d'EU ze froen, de Brexit-Datum ëm dräi Méint ze verleeën. D'Gesetz muss awer nach an enger drëtter Liesung bestätegt ginn.
An de kommenden zwee bis dräi Joer hofft den Educatiounsministère méi Informatiounen ze hunn iwwer den Impakt vun der méisproocheger Fréifërderung.
Den Yves Mersch stoung haut am Europaparlament dem Comité fir Wirtschaftsfroe Ried an Äntwert. De Lëtzebuerger Member am Directoire vun der europäescher Zentralbank kandidéiert fir Vize-President ze gi vun der harmoniséierter Bankenopsiicht um Niveau vun der EZB.
Italien huet eng nei Regierung. Muer soll se vereedegt ginn.