Panorama
Panorama
De Landwirtschaftsminister Romain Schneider reagéiert op Kritike vum Mouvement Ecologique, zu sengem Programm fir Uebst an de Schoulen, bei deem kleng a regional Produzente géife benodeelegt ginn.
Um ganzen Autobunnsreseau zu Lëtzebuerg soll op der Pannespur eng Co-Voiturage Spur entstoe, annoncéiert de Mobilitéitsminister François Bausch.
Fir d'Mataarbechter vum Grupp RTL gouf et gëschter en éischt Informatiounsgespréich, den offizielle Start vun de Verhandlunge fir de Sozialplang ass fréistens Enn September.
D'Firma Karp-Kneip huet d'Sàrl Wickler frères vun Angelduerf op den 1. August iwwerholl.
Gëtt et e Brexit um 31. Oktober oder net, op déi Fro gëtt et weder aus Groussbritannien nach vun der EU bis ewell eng kloer Äntwert.
En Dënschdeg wäert déi zukünfteg Presidentin vun der EU-Kommissioun, d'Ursula von der Leyen, d'Zesummesetzung vun hirer neier Equipe presentéieren.
2017 hunn d'EU-Memberlänner wéinst Bedruch, Steiervermeidung a Faillitten 137,5 Milliarden Euro un TVA-Recettë verluer.