Klassik aktuell
E grousst Fest
La Côte-Saint-André ass eng kleng Stiedchen am Isère mat engem Schlass aus der Zäit vum Louis XI. Richteg bedeitend ass d'Uertschaft awer vrun allem duerch den Hector Berlioz, deen 1803 zu La Côte-Saint-André op d'Welt koum. Zanter 1994 gëtt et de Festival Berlioz, deen dëst Joer, fir den 150. Doudesdag vum Komponist, besonnesch grouss opgezu gi war.