Panorama
Panorama
D'Sam Tanson iwwerhëlt provisoresch de Justizministère, bis méi iwwert dem Felix Braz säi Gesondheetszoustand gewosst ass.
Am Kader vun der annoncéierter Steierreform sollen elo Aarbechtsgruppen zesummekommen, fir d'Preparatioun virun ze dreiwen.
De Paul Lorenz gouf de Mueren am Regierungsrot als neien ALIA-Direkter nominéiert.
Wéi ee Statut huet d'Groussherzogin an ass si vum Prinzip hir och onpolitesch, wéi dat fir de Staats-Chef de Fall ass. Ënnert anerem déi Fro huet den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser dem Premier gestallt.
Wa Lëtzebuerg d'nächst Joer den ëffentlechen Transport gratis mécht, huet dat och Konsequenzen op den Trafic an der Grenzregioun. D'CDU aus dem Krees Tréier-Saarburg fuerdert koordinéiert Präisser fir d'Groussregioun.
D'House of Lords a Groussbritannien huet den Owend gréng Luucht ginn, fir e Gesetz géint en No-Deal-Brexit.
Den Hurrikan Dorian ass am Nomëtteg an den USA op Land getraff.
Duerch en tropesche Wierbelstuerm koumen am Vietnam op d'Mannst 6 Mënschen em d'Liewen.
Em Hallefnuecht gëtt de 95er Bensin ronn 2 Cent de Liter méi bëlleg. Fir den 98er ass et nach e Minus vun engem Cent um Liter.