CD-Klassik
Am Geescht vum Arnold Schönberg
Géint der Enn vum Éischte Weltkrich hat den Arnold Schönberg zu Wien de Verein für musikalische Privataufführungen gegrënnt - eng Associatioun, déi zäitgenëssesch Musek am klenge Kader presentéiert an opgeféiert huet. De Schönberg huet fir dësen Zweck selwer eng Partie Transkriptioune geliwwert. Den neien Disk vun de Smithsonian Chamber Players gräift dem Schönberg seng Iddi nees op a proposéiert kammermusikalesch Adaptatioune vu Mahler-, Debussy- a Busoni-Kompositiounen.