CD-Klassik
Éischten Album zanter 20 Joer
1980 participéiert den Ivo Pogorelich um Chopin-Concours zu Warschau a gëtt domat quasi iwwer Nuecht bekannt. Net well hie gewonnen huet, mee well hie well an der drëtter Ronn erausgeflunn ass: Véier Jurysmemberen haten him zwar déi maximal Punktzuel ginn, vun deenen anere véier krut hien allerdéngs just de Minimum. D'Pianistin Martha Argerich huet doropshin hir Plaz am Jury aus Protest opginn. Duerch dëse Skandal ass de radikalen Interpret an der internationaler Press gelant an huet sech do iwwer Jore gehalen.
Elo, ronn 40 Joer méi spéit an iwwer 20 Joer no sengem leschten Disk, huet sech den Ivo Pogorelich erëm un e Fligel gesat fir beim Label Sony eng nei CD opzehuelen. De Luc Boentges huet an dës nei Sortie eragelauschtert.