Panorama
Panorama
D'Europäesch Zentralbank revidéiert hir Wuesstumsprevisioune fir d'Eurozon weider no ënnen a léisst de Leetzëns weider op 0 Prozent.
Op Groussbritannien a Saachen neie Brexit-Deal detailléiert Proposen op den Dësch geluecht huet, doriwwer ginn d'Meenungen auserneen, beim Premier Xavier Bettel an dem briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, John Marshall.
D'Regierung wëllt bis Enn des Jores eng Decisioun huelen, op d'Akzisen um Bensin an um Diesel nach eng Kéier erhéicht ginn, seet de Mobilitéitsminister François Bausch.
D'CGFP wëllt an d'Aarbechten un der Steierreform agebonne ginn a freet dofir eng Entrevue beim Finanzminister.
D'Europäesch Unioun wäert hir ëmstridde Missioun Sophia, virun der libescher Küst, ëm sechs Méint verlängeren, allerdéngs weiderhin ouni Schëffer anzesetzen.
Produite mat genetesch verännerte Soja-Bounen dierfe weiderhin an der Europäescher Unioun verkaf ginn. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff haut décidéiert.
Parking um Rousegäertche bleift bis op Weideres zou.
Fréier Nummer 1 op der Tennis-Weltranglëscht bei de Fraen, Kim Clijsters, kënnegt Comeback un.