CD-Klassik
D'Wallerstein-Symphonien
Wallerstein war am 18. Joerhonnert eng vun deene sëlleche klengen däitschen Adelsresidenzen, déi sech och een eegenen Orchester leeschte konnten. Déi schwäbesch Fürsten haten ëmmerhin Komponiste wéi den Antonio Rosetti an den Ignaz Beck am Déngscht, déi d'Haus mat Musek versuergt hunn. De Chef vum Haus, de Fürst Ernst, hat sech vun der grousser Haydn-Begeeschterung ustieche gelooss, déi deemools uechter ganz Europa gaangen ass an huet Symphonië beim Haydn bestallt - d'Wallerstein-Symphonien, déi haut (13.9.2019) an enger Opnam mam Bayresche Kammerorchester Bad Brückenau erauskommen.