arrow_back_ios
CD-Klassik
Chains like the Sea
De Komponist an Dirigent Bernard Rands ass déi aner Säit vum Atlantik e villgefrote Kënschtler a schreift fir eng Partie vun deene groussen Orchesteren. No senger avantgardistescher Phase ass dem Rands seng Musek nees méi tonal ginn an erënnert un impressionistesch Klangfaarwe mat enger Touche vu Modernismus. Elo ass een neien Disque mat mat Orchesterwierker vum Bernard Rands erauskomm, "Chains like the sea", gespillt vum BBC Philharmonic.