Panorama
Panorama
Den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini huet de Mueren seng Demissioun ugekënnegt, an zitt domat Konsequenzen no den Uschëllegunge géint seng Persoun.
Manner Jonker wéi erwaart sinn den Ament beim grousse Klimastreik an der Stad ënnerwee. Wéi et heescht, hätte verschidde Privatschoule probéiert, hir Schüler dorun ze hënneren, un der Maniff deel ze huelen.
Remaniementer am Staatsrot: Den LSAP-Deputéierte René Kollwelter demissionéiert, an den nächste Mount leeft och d'Mandat vum sozialistesche Romain Nati aus.
Am August ware 15.370 Persounen hei am Land ouni Aarbecht. Iwwert ee Joer gekuckt, ass déi Zuel em 2,9 Prozent an d'Luucht gaangen. Déi Zuelen huet d'ADEM haut matgedeelt.
Déi däitsch Regierung soll haut hir Strategie fir de Klimaschutz mat konkrete Mesure bekannt ginn.
Virun der Küst vu Groussbritannien soll dee gréisste Park vu Wandrieder op der Welt entstoen. Den norwegesche Grupp Equinor an déi britesch SSE Renewables hunn d'Ausschreiwung gewonnen, fir de Park "Dogger Bank" um Nordmier, mat enger Capacitéit vun 3,6 Gigawatt, gemeinsam ze bauen an z'exploitéieren.
Bannent de leschte 50 Joer ass de Vullebestand an den USA an a Kanada ëm 29 Prozent zeréck gaangen. Dat geet aus engem Rapport vu Fuerscher am Magasinn "Science" ervir.