arrow_back_ios
CD-Klassik
Pessimistesch
Déi 4. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch ass e musikalescht Spigelbild vun engem Russland, dat an den 30er Joren ënnert Oppressioun leit. Vun Ironie an och duerch Angscht gepräägte Musekssäite wiesselen sech of mat nëmme klengen Hoffnungsthemen. Eng ganz pessimistesch 4. Symphonie ass an enger neier Opnam mam London Symphony Orchestra ënnert der Direktioun vum Gianandrea Noseda erauskomm.