Klassik aktuell
Eng musikalesch Bibliothéik
Am neie Gebai vun der Nationalbibliothéik fënnt een nieft Dausende vu Bicher an enger ganzer Rei Computeren och e Piano, CDen, Partituren a Bicher iwwer Musek. Zwee vun deenen, déi sech ëm de Beräich Musek këmmere sinn de de Pierre Schwickerath an de Patrick Steffen, alle Béid Mataarbechter vum vum Centre d'études et de documentation musicales (Cedom). De Luc Boentges huet sech mat hinne getraff, fir dat neit Gebai ënner dem Bléckwénkel vun der Musek z'entdecken.