arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng "Ode an die Freude" aus Wien
Dem Beethoven seng 9. Symphonie ass e musikalescht Symbol, en Opruff fir de Fridden, an dat och duerch en Text vum Friedrich Schiller: "Ode an die Freude". Den Thema vum Finale gouf net fir näischt zur Hymn vun Europa erkläert. D'Symphonie huet awer och vill aner musikalesch Qualitéiten, déi d'Wiener Symphoniker mam Philippe Jordan op engem neien Disk zum Virschäi bréngen. De Manuel Ribeiro huet sech den Disk ugelauschtert.