arrow_back_ios
CD-Klassik
Musekskritiker, Professer a Komponist
De Joseph Marx huet zu Graz Musek studéiert, war een exzellente Pianist, spéider och Professer zu Wien a Musekskritiker. Als Komponist huet hie sech virun allem mat ronn 150 Lieder ervirgedoen. Säi romantesche Pianosconcerto entsteet 1919, an enger Zäit, an där de Marx sech intensiv mat Orchestermusek beschäftegt. De Steven Sloane an d'Bochumer Symphoniker hunn d'Wierk elo, zesumme mat engem zweete Marx-Wierk, dem Concerto "Castelli Romani", opgeholl.